
Wëlls du Lacrosse spillen, hues awer keng Equipe? 🥍
Wëlls du d’Sommerpaus aus den Äerm rëselen, weess awer net wéi? ⛱️
Wëlls du Sixes-Lacrosse léieren, ugeleet vun engem héich-erfuerenen Box- a Sixes-Trainer mat NLL-Hannergrond? 😎
Wëlls du, datt däi Kand Lacrosse léiert?👦🏻👧🏻
Oder hues du einfach Loscht op BBQ a frësch Gedrénks? 🌭
Da komm op déi éischt Luxembourg Lacrosse Fest – dräi Deeg voll mam séierste Spill op zwee Féiss, fir all Alter, vum 19. bis den 21. September um Stade Michel Wagner.
📅 Datum: 20.–21. September
🕓 Zäit: 10:00 – 20:00 Lacrosse
📍 Plaz: Stade Michel Wagner / Stade Gust Jacquemart, 1 Rue Saint-Vith, L-2673 Pafendall, Weimerskirch
Umellen hei: https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSd2yMz7eawync5YO5vIUVJjzd9v-w1buEDTqKnvTtBxiAaPwA/viewform?usp=dialog
Programm:
Freideg, 19. September
- 19:00 – Warm-up Matcher & Kennenléieren (Erwuessener) 🥍🔥
- Duerno: Pub Crawl 🍻
Samschdeg, 20. September
- 12:00–13:00 – Junior Lacrosse (4–11 Joer) 👦🏻👧🏻🥍
- 13:00–14:00 – Youth Lacrosse (11–15 Joer) ✨🥍
- 14:00–20:00 – Matcher vun de erwuesse Spiller 🚀🥍
BBQ & Gedrénks verfügbar
Sonndeg, 21. September
- 09:00–10:00 – Junior Lacrosse (4–11 Joer) 👦🏻👧🏻🥍
- 10:00–14:00 – Finalmatcher 🏆
Präisser fir Erwuessener:
- 45 € ab 18 Joer
- 25 € fir Spiller tëschent 16 an 17 Joer
- Gruppen-Offer verfügbar
- Kanner gratis
- 10 € Iessbon inklusiv an der Umeldung.
D’Tax deckt Käschten wéi Schiedsriichter, Bäll, Material, asw.
Wat ass d’Luxembourg Lacrosse Fest?
D’Luxembourg Lacrosse Fest ass dat ultimat Sportweekend fir Lacrosse-Fans a fir déi, déi et wëlle ginn! Egal ob s du scho Joren Lacrosse spills oder nach ni e Stick an der Hand hat, hei geet et drëms eppes Neies auszeprobéieren, d’Fäegkeeten ze verbesseren an – am wichtegsten – Spaass ze hunn.
Jiddereen ass wëllkomm, onofhängeg vum Alter. D’Festivitéiten starten e Freideg, den 19. September 2025, mat engem frëndschaftleche Warm-up an engem Pub Crawl fir an d’Stëmmung ze kommen. Samschdes, de 20. September 2025, geet et weider: Moies kënne Kanner a Jugendlecher gratis Lacrosse trainéieren, nomëttes ginn et spannend Matcher fir erfuerene Spiller*innen. Sonndes, den 21. September 2025, steet nach eng Kanner-Sessioun an d’Finalen um Programm.
Komm fir de Sport, bleiw fir de Spaass, a géi mat super Erënnerungen heem!
Wat dierf een erwaarden?
Freides owes ginn ab 19:00 zwou Warm-up Matcher gespillt – perfekt fir d’Sommerpaus auszeschüttelen, aner Spiller kennenzeléieren an d’Weekend anzelauden. Duerno geet et op eng Pub-Tour an der Stad. Samschdes fänke mir eréischt um Mëtteg un: Kanner (4–11 Joer) um 12:00, Jugendlecher (11–15 Joer) um 13:00 – geleet vum Coach Chet vu Luxembourg Lacrosse.
Nomëttes ab 14:00 trëtten d’Senior-Spiller (16+) géinteneen un. Gespillt gëtt no de Sixes-Regelen vu World Lacrosse. Et ginn eenzel- a Team-Punkten gezielt (Goler, Assists, keng Strofminutten, Victoiren pro Véierel/Hallschent/Match). Owes gëtt bekanntgi mat wéi enger Equipe een Sonndes spillt.
Sonndes moies nach eng Kanner-Sessioun (09:00–10:00), duerno véier Matcher vun den Erwuessener mat feste Gruppen (10:00–14:00).
D’Kanner-Sessioune si gratis, mussen awer vun engem Erwuessene begleet ginn.